Op “Fonds Perdu” heescht…... Mir kafen äert Haus an dir kritt e liewenslaangt Wunnrecht. Mir bezuelen en eemolege Betrag (Bouquet) bei der Ënnerschrëft vum Acte, an duerno all Mount eng Rent an dat e Liewe laang. Fir eis ass et selbstverständlech, dass den Dossier bei "ärem" Notaire ënnerschriwwe gëtt. Esou hutt dir är Vertrauenspersoun, déi iech berode kann. Den"Fonds Perdu" ass regéiert duerch d'Artikelen 1668 bis 1683 vun eisem Code Civil. |
![]() |
Mir komme bei iech…... mir lauschteren no. Zesumme bestëmme mir de Bouquet dee beim Acte bezuelt gëtt, a berechnen dann d'Héicht vun ärer Liewesrent déi iech duerno all Mount iwwerwise gëtt. Des kann am Ufank méi niddereg sinn, fir spéider, wéi z.B. am Fall vun engem Fleegeheem oder Altersheem, méi eng héich Rent ze hunn. |
|
Är Garantien…... dir behaalt de Privileg vum Verkeefer. Wa mir net bezuele géifen, dann hutt dir d'Méiglechkeet den Acte op ze léisen an esou äert Haus erëm ze kréien, an alles wat dir bis dohinner bezuelt krut, kennt dir behalen. Eis gëtt et scho säit 1982 a mir schaffe mat grousse lëtzebuerger Banken an Assurancen zesummen. |
![]() |




















